Den Donneschden, 22. Juni 2017 ass zu Dikkrech ob der Kluuster ee grousst Fest fir Nationalfeierdag.
Wéi all Joër hu mir hai ee Gedrénksstand. Fir datt kee soll hongereg heem goen maache mir och dës Kéier niewt dem Béier a Cola nach Paangescher.
Wie wëllt hëllefen (opriichten, zaapen, servéieren, spullen, baken, drénken,...) soll sech sou séier wéi méiglech mellen.
Rendez-vous ass vun 16:30 Auer un zu Dikkrech op der Kluuster (oder um 16:00 zu Gilsdrëf). Wien réicht méi spéit ka kommen däerf natirlech och hëllefen. Dat ganzt dauert bis spéit an d'Nuecht (wien wierklech éischter muss fort, däerf dat awer maachen).
Fir unzemellen, aloggen, een naien Menu geet dann lénks op mat Aschreiwungen. (oder eng Mail un d'Clubsadress schreiwen).
Wann nach weider Froen sinn, mellt iech beim Paul oder beim Sandy.
Mir hoffen och dëst Joer ob deng Hëllef zielen ze kënnen.