OCTOPUS DIEKIRCH

CERCLE DE PLONGÉE

Login Form

2017 maache mir erëm eng Tauchvakanz a Kroatien. Den Depart ass Freides, den 28.04.17 géint 18.00 Auer an de Retour Sonndes, den 07.05.17
am Laf vum Dag.

Op de Link klicken, fir ee PDF mam Text a Biller rofzelueden.


Mir fuere mat engem Minibus (+-1200km), Privatauto oder mam Fliger.
(D'Rees fir dohinner an zréck ass am Prinzip individuell ze arrangéieren, et besteet awer d'Méiglechkeet fir zesummen een Minibus oder Ähnleches ze
lounen, de Präis gëtt dann op déi eenzel Matfuerer opgedeelt.)


D‘Tauchbasis „www. Relaxtabgetaucht.de“ ass um Camping Brioni (Ex Puntizela) bei Pula(Istrien).
Mir schlofen um Camping selwer an Mobilhomen, Platz fir 4 oder 6 Leit, déi komplett mat Klimaanlag ageriicht sinn oder an engem Appartement, 3km
vun der Tauchbasis ewech. All Member, den eng Caravane oder ee Camper huet, ka selbstverständlech dëse benotzen.
De Präis vum Mobilhome ass ongeféier 100 € pro Persoun pro Woch an dee vum Appartement 105€ pro Persoun pro Woch. (dat gëtt dann ongeféier
135 € fir déi ganz Vakanz wann d'Appartement mat 4 Persoune beluecht ass)


Eist ganz Equipement kënne mir déi ganz Woch iwwer op der Tauchbasis an engem Container loossen. De Proprietaire ass en Däitschen vun Nürnberg.
Mir maachen 2 Tauchgäng pro Dag. Sämtlech Tauchsiten sinn am Naturschutzpark Brijuni.
Um Programm stinn:
Höhlen, Tunnellen, Steilwänn vun 5-30m an ganz vill Wracken ewéi Baron Gautsch, Varese, Guiseppe Dezza, Hans Schmidt, déi ob enger Déift vun 30 -42m leien.
Nitroxtauchgäng sinn fir déi mat Brevet méiglech.
D‘Tauchgäng kaschte vun 30 -49 Euro pro Tauchgang. D’Fläschefellung ass gratis. (rechent also mat ongeféier 600 € fir d'Tauchgäng, ofhängeg vun der Unzuel vun den Tauchgäng déi ee mëscht a vun den Tauchsiten).
Privatfläschen sinn erlaabt.


Fir déi, déi matfueren, froe mir de Brevet P2 oder eng Equivalenz.
P1 däerfe matfueren ënnert der Konditioun eng Zousatzausbildung op der Platz ze maachen (dat kascht dann 130€ Supplement, dir kritt KEEN P2 oder equivalent, mee däerft da mat engem Moniteur vun dohannen déi verschidden Tauchgäng matmaachen)


Um Camping selwer ass e flotte Restaurant mat biergerlechem Kascht an och mat klenge Präisser. Café moies am Mobilhome oder am Appartement.
Och ass e Supermarché niewent dem Restaurant. D‘Fraise vum Iesse muss jidderee selwer bezuelen.

Vill flott Uertschafte kann en nom Tauche besichtegen ewéi Pula, Rovinjy

Sid dir interesséiert deelzehuelen, da mëllt iech un mat der Iwerweisung vun engem Acompte vun 200€ pro Persoun op de Konto vum Octopus
CCPL IBAN LU24 1111 1270 9525 0000
bis den 01. Dezember 2016
an Aschreiwen iwwert ais Homepage oder Mail un d'Clubsadress.
D‘Präisser sinn indikativ a kënne variéieren deemno wéi vill Leit matfueren.
Fir weider Infoen Thiel Romain 621367222