Et ass erem esou weit. Lues a lues gëtt et Fréijoer, an et gët Zäit datt mir eis erem Richtung Stau beweegen.
Sonndes, den 23. Abrëll mécht de Cercle de Plongée OCTOPUS seng traditionell Ouverture du Lac.
De Rendez-vous ass um 9:30 zu Lëltz bei de Vestiairen vun der Base Nautique.
Nodeem dass d’Palanqueeën opgedeelt gi sin, ass den Départ vir ze tauchen géint 10.00 Auer.
Duerno gi mir bei den Hotel/Restaurant Peiffer op Insenborn iessen. (och déijéineg, déi net wëllen tauchen, däerfen mat iesse goen)
Umelle muss du dech bis spéitstens den 10.Abrëll (entweder aloggen, an an d'Lëscht aschreiwen (lénks geet dann ee Menu op) oder eng E-Mail un d'Clubsadress.)
PS. Fir déi Lait déi wëllen tauchen goen: Vergiesst äert Tauchmaterial net.