OCTOPUS DIEKIRCH

CERCLE DE PLONGÉE

Login Form

De Week-end vum 15., 16. an 17. Dezember ass Chrëschtmaart zu Dikkrech wou mir Stäerzelen an Kniddelen maachen.

Sou wéi déi läscht Joëren ass de Krëschtmaart och scho Freides Owes.

Wéi all Joer brauchen mir och rëm Lait fir ze hëllefen a fir ze schmaachen. Fir ee gudde Fonctionnement ze garantéieren, musse mir MINDESTENS 5-6 Lait dohunn. Dofir ass et wichteg dass du bis laanscht kënns, och wann et nëmmen puer Stonne sinn.
Wanns du wëlls hai mattmaachen, da schreif dech wgl an d'Lëscht an (ob aiser Homepage aloggen, an dann am Menu Inscriptions) (oder iwwert E-Mail.)

OPRIICHTEN:
Dëst Joer kréien mir och rëm eng Buud vum Syndicat d'Initiative déi och fäerdeg opgeriicht gëtt.  Et bleift also nëmmen  dës anzeriichten, déi grouss Saachen (Kachmaschinn,...) sichen ze fueren an opzeriichten. Déi musse mir och komplett fäerdeg ariichten an dekoréieren, well mir schonn um Freiden ufänken mat Kniddelen kachen a verkaafen.
Wanns du hai wëlls hëllefen, Rendez-vous ass den DONNESDEN, 14. Dezember, um 17:00 Auer beim Bau zu Gilsdrëf oder duerno an der Foussgängerzone (wou soss de Metzler Schmidt war vis à vis vum Match) zu Dikkrech.
Wann nach weider Froen sinn, Email schreiwen oder dem Jang uruffen.

HELLEFEN UM CHRESCHTMAART
Um Chrëschtmaart selwer ass och all Hëllef wëllkomm:  Stäerzelen oder Kniddelen maachen, sëch ëm d'Keess këmmeren, spullen, servéieren, Speck broden, ,...
Am léiwsten och hai iwwert ais Homepage oder E-Mail umellen (datt mir ongeféier wëssen wéivill Leit do sinn fir ze hëllefen).
Rendez-vous ass FREIDES Mëttes vun 16:30 Auer, SAMSDES moies vun 10.00 Auer  an SONNDES moies vun 10.00 Auer unn.
Wann nach weider Froen sinn, Email-schreiwen oder dem Sandy uruffen.

Bis dann

 Dir wollt nach ëmmer eng Kéier probéieren ze tauchen?
Dann kommt op ais Porte Ouverte, de Sonnden 26. November 2017.

Dir kënnt tëschent 10:00 an 11:30 an déi Dikkrecher Piscine kommen, wou dir alles gewise kritt. Duerno kënnt Dir mat engem Moniteur ënner Waasser tauchen.

Mattbrengen musst Dir just Äer Schwammsaachen.
Umellen iwwer Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! ass gewënscht mee net obligatoresch.

 

 

 

Initiation à la plongée sous-marine.

Dimanche, 26 novembre 2017

Chacun peut essayer la plongée avec scaphandre.
Le rendez-vous est fixé entre 10:00 et 11.30 à la piscine municipale de Diekirch.

Matériel nécessaire: Maillot de bain.
Inscription via Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! souhaitée mais pas obligatoire.